
Am leschten blog hun ech ierch een klengen Satz hannerloos domat dir driwer nodenkt...
An elo kennt den Gedanken den mech dozouer bruecht huet!
Ech perseinlech gleewen drun daat net d'Faktoren vun ausserhalb eist Liewen bestemmen, mee dei vun ennerhalb! D'Bibel seet an engem Verse (Röm 8:28):
(Daat ass elo besschen meng Iwwersetzung, mee keng Angst daat steet do dran... mee vlait an anneren Wierder)
"All Saachen dienen zum bescht vun dennen dei Gott gaeren hun..."
Gott seet hei net daat all Saachen gudd seen, mee daat all Saachen d'Potential hun fir eis gudd ze doen, op gudd Saachen oder schlecht Saachen!
Daat waat eist Liewen bestemmt as net daat waat "ran" kennt, mee daat waat "raus" geet! Eist Behuelen geijendiwwer den Emständ ass fundamental fir d'op bauen vun eiser Zukunft. Mir daerfen also net einfach Spigglen senn vun daat waat an eist Liewen ran kennt, mee mir mussen Generatoren senn, dei daat waat ran kennt emwandlen! Onofhängeg vun daat waat an eist Liewen kennt, sinn mir emmer dei dei decideieren waat raus geet! Daat huelt vun eisen Scheller een grousst Gewiicht weg, den seet daat mir Opferen vum Zouvall sinn oder vun den Emständ dei eis emgin. An daat mecht eis zu Menschen dei Verantwortung iwwerhuelen geijendiwwer eiser Zukunft. An probeieren net Zuflucht do ze siichen wou mir Opfer vun der Fruucht sinn vun daat waat mir net kontroleieren kennen!
Ech perseinlech sinn keen Opfer..., ech kann vlaicht net daat kontroleieren waat an main Liewen ran kennt, mee ech kann daat kontroleieren waat raus geet... et ass alles eng Saach vun der richteger Astellung!
RubenSilva