mardi 14 juillet 2009

Zusummen sinn mir mei stark!


D'Angst alléng ze sin ass eng vun den Ängsten dei ganz lues, mee och an villen Liewen present ass. Den Mensch gouf net "programmeiert" fir alléng ze liewen, mee fir an enger Gemeinschaft ze liewen. D'Feststellung vun der Einsamkeet, daat net appes war waat fir den Mensch bestemmt war, ass vum Schöpfer HimSelf gemeet gin. Et ass vlait eng vun den komeschten Plaatzen an der Bibel wann Gott et an 1.Mose 2:18 seet. "... Es ist nicht gut, daß der Mensch allein sei...". Nodeems Gott an senger créativiteit alles erschaaf huet, seet Heen emmer zum Schluss vun all Daach an all Opzielung den vollgenden Ausdrock "... Und Gott sah alles an, was er gemacht hatte; und siehe da, es war sehr gut...". Mee trotz der Vollkommenheet vun alles waat Heen erschaaf huet an och an sengem perfektem Wiesen, verleiert Gott nie d'Fähegkeet sech selwer anzeschätzen an sech ze bewerten. An et war an enger vun desen "göttleschen Bewertungen" wou Heen gesinn huet daat et net gudd fir den Mensch wier alléng ze liewen!

Mir sinn erschaaf gin fir Bezeihungen ze hun, well daat Projekter sinn di Gott eis gin huet, Wuessen an eis Verfollstännegen! Bezeihungen sinn fundamental fir eist Glaichgewiicht an perseinlecht Erfolleg. Zusummen wärten mir emmer mei wait goen wei alléng, mir wärten emmer mei grouss an stärk sinn, an wärten vill mei errechen kennen! Et gin keng gesond Bezeihungen ouni perseinlech Investitiounen. Souguer den Adam huet missen eng "Repp investeieren" domat heen eng Bezeihung konnt hun. Haut zu daachs, an enger Gesellschaft dei emmer mei op den "ech" konzentreiert ass, ass et an der Zait d'Kraft vun der Gemeinschaft, der Bezeihung ze verstoen. Et get een bibleschen Text, Prediger 4:12, den seet: "...Einer mag überwältigt werden, aber zwei mögen widerstehen; und eine dreifältige Schnur reißt nicht leicht entzwei...".

Also investeiert an Bezeihungen... zusummen sinn mir STARK!

vendredi 10 juillet 2009

No words...


Haut hun ech beschloss rem appes ze posten!

Ech hun dest Pic um iNet fonnt an misst den einfach weider schecken! Et gin souvill Lait dei einfach un naicht gleewen, daat naicht aus dem naicht komm ass an aus dem naicht appes gin ass... alles zoufall, alles ass einfach sou entstannen. Mee menger Meenung no ass et mei einfach un naicht ze gleewen wei ze akzepteieren daat et irgendappes get waat eis erschaaf huet. Grouss Wessenschaftler, zu deenen zielen ech och Albert Einstein, hun selwer gesoot daat et irgendappes muss gin waat eis erschaaf huet!

Si soen,"daat firun Milliounen vun Joeren gouf et nemmen Materie an Antimaterie, an huet sech geijensaiteg emmer opgeleisst. Well wann Materie mat Antimaterie zusummen kommen explodeiert et an get einfach Energie frai! D'Unzuel vun Materie an Antimaterie war emmer konstant an proportionnal zu ennen. Sou konnt nie appes entstoen! Mee aus irgend engem Grond huet sech mei Materie gebild wei Antimaterie. An sou koum et dozou daat sech alles gebild huet! Mee Wahrscheinlechkeet daat sou appes keint gescheien ass sou minimal, als op mir mat eingem Bou geinfen een Pfeil vun hei vun der Erd aus op een anneren Planeit scheissen den Milliarden vun Licht Joeren entfernt ass, an do eng Zielscheiw geingen treffen!
An well di Wahrscheinleichkeet sou kleng ass, muss et igendappes gin waat eis erschaaf huet!"

Ech gleewen un Gott! Net well ech naiw sinn oder well ech religieis sinn, mee well ech net drun gleewen daat ech nemmen een Zoufall sinn! An well ech un heen gleewen, konnt ech bis elo perseinlech Erfahrungen sammlen dei keen mir weg huelen kann, an dei fir mech den BEweiss sinn daat et hien get!
Ech kann dir dei Erfahrungen net weider op den Wee gin, well nemmen ech se erliewt hun, mee ech kann dir appes mat op den Wee gin!
"Heen zwéngt dech net un hen ze gleewen! Mee gleew mir, wann du et mess dann gleew mir daat du et net beraien währts!"

samedi 31 janvier 2009

Et bass DU!

Haut well ech appes ganz kuerzes soen... wees net firwaat, mee daat ass den Gedanken deen mir di lescht puer Stonnen duerch den Kapp geet: "Du bass net alleng!"

An daat well ech dir elo soen, och wann alles een Chaos ass, an du nemmen nach loscht op 26stonnen am daag ze schloofen an dech an dain Eck ze verkriischen dann denk un dest puer Wierder: "Du bass net alleng!"


"Ech sin dooo!!!!"

mercredi 7 janvier 2009

ROSEWOOD ON THE NET!!!

Eng froo dei sech vill Lait stellen... Ween ass "ROSEWOOD"?

Een Interview mat hinnen selwer huet daat eraus bruecht:

"Rosewood" un groupe musicale créé lors le déroulement de l'année 2008.
Dés ses débuts leur but est d'infecter tout le monde avec les mots de leurs chants, àfin de disperser la parole de Dieu par tout dans le Luxembourg et encore plus loin.
Ceci en touchant des vies, des coeurs et des personnes avec la vérité touchante et poétique de leurs musiques.


Elo weesst dir et!!!

Besicht d'internet sait www.rosewoodlive.com Dir wärt et net bereien!!!

mardi 25 novembre 2008

I GOT THE POWER!














Am leschten blog hun ech ierch een klengen Satz hannerloos domat dir driwer nodenkt...

An elo kennt den Gedanken den mech dozouer bruecht huet!
Ech perseinlech gleewen drun daat net d'Faktoren vun ausserhalb eist Liewen bestemmen, mee dei vun ennerhalb! D'Bibel seet an engem Verse (Röm 8:28):
(Daat ass elo besschen meng Iwwersetzung, mee keng Angst daat steet do dran... mee vlait an anneren Wierder)
"All Saachen dienen zum bescht vun dennen dei Gott gaeren hun..."
Gott seet hei net daat all Saachen gudd seen, mee daat all Saachen d'Potential hun fir eis gudd ze doen, op gudd Saachen oder schlecht Saachen!
Daat waat eist Liewen bestemmt as net daat waat "ran" kennt, mee daat waat "raus" geet! Eist Behuelen geijendiwwer den Emständ ass fundamental fir d'op bauen vun eiser Zukunft. Mir daerfen also net einfach Spigglen senn vun daat waat an eist Liewen ran kennt, mee mir mussen Generatoren senn, dei daat waat ran kennt emwandlen! Onofhängeg vun daat waat an eist Liewen kennt, sinn mir emmer dei dei decideieren waat raus geet! Daat huelt vun eisen Scheller een grousst Gewiicht weg, den seet daat mir Opferen vum Zouvall sinn oder vun den Emständ dei eis emgin. An daat mecht eis zu Menschen dei Verantwortung iwwerhuelen geijendiwwer eiser Zukunft. An probeieren net Zuflucht do ze siichen wou mir Opfer vun der Fruucht sinn vun daat waat mir net kontroleieren kennen!
Ech perseinlech sinn keen Opfer..., ech kann vlaicht net daat kontroleieren waat an main Liewen ran kennt, mee ech kann daat kontroleieren waat raus geet... et ass alles eng Saach vun der richteger Astellung!


RubenSilva

lundi 24 novembre 2008

Power!

Haut well ech nemmen een klengen Satz fir ierch hannerlossen, an daat ass denheiten:
" Ech kann vlaicht net kontroleieren waat an mengem Liewen ran kennt, mee ech kann daat waat raus geet kontroleieren! "


RubenSilva

dimanche 23 novembre 2008

Endlech!!! =)



Elo sait kuerzem get et eist neit Lidd vun RoseWood och op Franzeisch!!!
An hei ass d'Iwersetzung nemmen fir ierch!




Ton amour en moi

Je t'ai rencontré
Et t'as touché mon coeur
Rien ne peut plus te cacher de moi
Je n'avais pas, la beauté de ton amour en moi
Plus rien pourra m'empecher de te louer


Ton amour en moi
Me rend si libre
Comme de la lumière
Je le veux transmettre au monde
Toucher l'humanité
Et propager ta douceur
Sentir ta main sur moi
Qui me guide à chaque instant


Mon être dans tes mains je vais liberer
Toute honneur, toute gloire te donner



Hoffen dir hudd daat Lidd sou gaeren wei ech ^^

RubenSilva