mardi 14 juillet 2009

Zusummen sinn mir mei stark!


D'Angst alléng ze sin ass eng vun den Ängsten dei ganz lues, mee och an villen Liewen present ass. Den Mensch gouf net "programmeiert" fir alléng ze liewen, mee fir an enger Gemeinschaft ze liewen. D'Feststellung vun der Einsamkeet, daat net appes war waat fir den Mensch bestemmt war, ass vum Schöpfer HimSelf gemeet gin. Et ass vlait eng vun den komeschten Plaatzen an der Bibel wann Gott et an 1.Mose 2:18 seet. "... Es ist nicht gut, daß der Mensch allein sei...". Nodeems Gott an senger créativiteit alles erschaaf huet, seet Heen emmer zum Schluss vun all Daach an all Opzielung den vollgenden Ausdrock "... Und Gott sah alles an, was er gemacht hatte; und siehe da, es war sehr gut...". Mee trotz der Vollkommenheet vun alles waat Heen erschaaf huet an och an sengem perfektem Wiesen, verleiert Gott nie d'Fähegkeet sech selwer anzeschätzen an sech ze bewerten. An et war an enger vun desen "göttleschen Bewertungen" wou Heen gesinn huet daat et net gudd fir den Mensch wier alléng ze liewen!

Mir sinn erschaaf gin fir Bezeihungen ze hun, well daat Projekter sinn di Gott eis gin huet, Wuessen an eis Verfollstännegen! Bezeihungen sinn fundamental fir eist Glaichgewiicht an perseinlecht Erfolleg. Zusummen wärten mir emmer mei wait goen wei alléng, mir wärten emmer mei grouss an stärk sinn, an wärten vill mei errechen kennen! Et gin keng gesond Bezeihungen ouni perseinlech Investitiounen. Souguer den Adam huet missen eng "Repp investeieren" domat heen eng Bezeihung konnt hun. Haut zu daachs, an enger Gesellschaft dei emmer mei op den "ech" konzentreiert ass, ass et an der Zait d'Kraft vun der Gemeinschaft, der Bezeihung ze verstoen. Et get een bibleschen Text, Prediger 4:12, den seet: "...Einer mag überwältigt werden, aber zwei mögen widerstehen; und eine dreifältige Schnur reißt nicht leicht entzwei...".

Also investeiert an Bezeihungen... zusummen sinn mir STARK!

Aucun commentaire: