mardi 14 juillet 2009

Zusummen sinn mir mei stark!


D'Angst alléng ze sin ass eng vun den Ängsten dei ganz lues, mee och an villen Liewen present ass. Den Mensch gouf net "programmeiert" fir alléng ze liewen, mee fir an enger Gemeinschaft ze liewen. D'Feststellung vun der Einsamkeet, daat net appes war waat fir den Mensch bestemmt war, ass vum Schöpfer HimSelf gemeet gin. Et ass vlait eng vun den komeschten Plaatzen an der Bibel wann Gott et an 1.Mose 2:18 seet. "... Es ist nicht gut, daß der Mensch allein sei...". Nodeems Gott an senger créativiteit alles erschaaf huet, seet Heen emmer zum Schluss vun all Daach an all Opzielung den vollgenden Ausdrock "... Und Gott sah alles an, was er gemacht hatte; und siehe da, es war sehr gut...". Mee trotz der Vollkommenheet vun alles waat Heen erschaaf huet an och an sengem perfektem Wiesen, verleiert Gott nie d'Fähegkeet sech selwer anzeschätzen an sech ze bewerten. An et war an enger vun desen "göttleschen Bewertungen" wou Heen gesinn huet daat et net gudd fir den Mensch wier alléng ze liewen!

Mir sinn erschaaf gin fir Bezeihungen ze hun, well daat Projekter sinn di Gott eis gin huet, Wuessen an eis Verfollstännegen! Bezeihungen sinn fundamental fir eist Glaichgewiicht an perseinlecht Erfolleg. Zusummen wärten mir emmer mei wait goen wei alléng, mir wärten emmer mei grouss an stärk sinn, an wärten vill mei errechen kennen! Et gin keng gesond Bezeihungen ouni perseinlech Investitiounen. Souguer den Adam huet missen eng "Repp investeieren" domat heen eng Bezeihung konnt hun. Haut zu daachs, an enger Gesellschaft dei emmer mei op den "ech" konzentreiert ass, ass et an der Zait d'Kraft vun der Gemeinschaft, der Bezeihung ze verstoen. Et get een bibleschen Text, Prediger 4:12, den seet: "...Einer mag überwältigt werden, aber zwei mögen widerstehen; und eine dreifältige Schnur reißt nicht leicht entzwei...".

Also investeiert an Bezeihungen... zusummen sinn mir STARK!

vendredi 10 juillet 2009

No words...


Haut hun ech beschloss rem appes ze posten!

Ech hun dest Pic um iNet fonnt an misst den einfach weider schecken! Et gin souvill Lait dei einfach un naicht gleewen, daat naicht aus dem naicht komm ass an aus dem naicht appes gin ass... alles zoufall, alles ass einfach sou entstannen. Mee menger Meenung no ass et mei einfach un naicht ze gleewen wei ze akzepteieren daat et irgendappes get waat eis erschaaf huet. Grouss Wessenschaftler, zu deenen zielen ech och Albert Einstein, hun selwer gesoot daat et irgendappes muss gin waat eis erschaaf huet!

Si soen,"daat firun Milliounen vun Joeren gouf et nemmen Materie an Antimaterie, an huet sech geijensaiteg emmer opgeleisst. Well wann Materie mat Antimaterie zusummen kommen explodeiert et an get einfach Energie frai! D'Unzuel vun Materie an Antimaterie war emmer konstant an proportionnal zu ennen. Sou konnt nie appes entstoen! Mee aus irgend engem Grond huet sech mei Materie gebild wei Antimaterie. An sou koum et dozou daat sech alles gebild huet! Mee Wahrscheinlechkeet daat sou appes keint gescheien ass sou minimal, als op mir mat eingem Bou geinfen een Pfeil vun hei vun der Erd aus op een anneren Planeit scheissen den Milliarden vun Licht Joeren entfernt ass, an do eng Zielscheiw geingen treffen!
An well di Wahrscheinleichkeet sou kleng ass, muss et igendappes gin waat eis erschaaf huet!"

Ech gleewen un Gott! Net well ech naiw sinn oder well ech religieis sinn, mee well ech net drun gleewen daat ech nemmen een Zoufall sinn! An well ech un heen gleewen, konnt ech bis elo perseinlech Erfahrungen sammlen dei keen mir weg huelen kann, an dei fir mech den BEweiss sinn daat et hien get!
Ech kann dir dei Erfahrungen net weider op den Wee gin, well nemmen ech se erliewt hun, mee ech kann dir appes mat op den Wee gin!
"Heen zwéngt dech net un hen ze gleewen! Mee gleew mir, wann du et mess dann gleew mir daat du et net beraien währts!"